Gëllen Hochzäit vu Raymond Nilles a Sylvie Schmalen Bäertref

Den 30. Mäerz 2026 waren et 50 Joer dat sech de Raymond Nilles vu Gonnereng an d’Sylvie Schmalen vu Bäertref op der Bäertreffer Gemeng virum Buergermeeschter René Kartheiser d’Jo-Wuert ginn hunn.

Déi éischt Jore vun hirem Bestietnes hu Sie zesumme an der Stad an duerno zu Iechternach gewunnt, fir dann 1984 an hiert neit an aktuellt Haus zu Bäertref an der Konstrefferstrooss wunnen ze goen. Als haaptberuffleche Versécherungsagent huet de Raymond fir dat néideg Akommes gesuergt wärend d’Sylvie doheem de Stot organiséiert, an sech em hier dräi Bouwe gekëmmert huet. Wärend de Raymond als passionéierten Trombonist an der Buerglënster an och an der Bäertrëffer Musek aktiv ass, verbréngen si zesummen oder och aleng gäre vill Zäit mat Vëlofueren, wandere respektiv an der Vakanz mat Seegelen oder Ski fueren. Säit e puer Jore sinn si och nach engagéiert fir déi fënnef Enkelkanner reegelméisseg ze versuergen.

De Schäfferot, mat hirem Jong, dem Buergermeeschter Joe Nilles, huet sech eng Éier doraus gemaach, der dynamescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.