Den 8. Mäerz dëst Joer huet d’Madamm Grommes-Roeder Léonie vun der Bollendrëffer-Bréck hiren 90. Gebuertsdag gefeiert. 1936 an dëser Uertschaft gebuer huet si hir Jugend an de Krichs-an Nokrichzäiten hei verbruecht. Enn 1954 gouf si dunn zu Bäertref mam Grommes Nicolas vun Iechternach bestuet, deen aus dem Grommeshaus gebierteg ass, dat haut beim Séi vun der ANF als Naturhaus genotzt gëtt. 1955 sinn si dunn zesummen an hiert Haus “an der Hamicht” geplënnert, wou d’Léonie nach haut wunnt, nodeems de Nicolas si 1981 verlooss hat. Véier Kanner, zwee Meedercher an zwee Bouwen, véier Enkelkanner an zwéin Urenkele sinn aus dem Bestietnes ervirgaangen. De Schäfferot huet et sech net huele gelooss dem Léonie fir säin Dag ze gratuléieren, a konnt feststellen dass d’Léonie trotz hirem Alter, nach bäi gudder Gesondheet ass, an och déi eng aner Geschicht vu fréier konnt erzielen.
Mir wënschen dem Léonie nach weider eng gutt Gesondheet an dat si nach vill Jore mat hire Kanner an Enkelkanner ka verbréngen.