Gëllen Hochzäit Nico Diedenhofen a Josette Giefer vu Bäertref

De viregte 7.September waren et 50 Joer dat sech den Nico Diedenhofen, en Iernster Jong an d’Josette Giefer vu Bäertref op der Bäertrëffer Gemeng d’Jo-Wuert ginn hunn. Nodeems sie déi éischt Joren zu Iernster gewunnt hunn, sinn sie dunn 1976 an hiert eegent Haus op de Rockelsbongert zu Bäertref geplënnert.

Si waren alle béid ëmmer aktiv am Veräinsliewen täteg. Esou war d’Josette a jonkem Alter an der Harmonie Bäertref Member. Spéider war seng Passioun awer éischter de Chouergesank, dat an der Bäertrëffer Chorale an duerno am Double Quator Mixte deen haut Ambitus heescht. Den Nico war fréier e passionéierte Pompjee an huet laang Zäiten an de Corpsen vu Iernster a Bäertref gedéngt, a war och um regionale Plang aktiv. An der Harmonie huet hie bis Enn den 80 Joren déi déck Tromm gespillt. Vun 1986 bis 1996 war den Nico President vum FC Arantia Berdorf, eng flott awer och ustrengend Zäit vun der e ganz vill Anekdoten ze ziele weess. Haut huet hien nach d’Funktioun vum Keesserevisor an ass treie Supporter vum Fusiounsveräin USBC01. Am Beruffsliewen huet den Nico no enger kuerzer Zäit op der Schmelz, op enger lëtzebuerger Bank geschafft an huet sech do an der Gewerkschaft ALEBA a spéider am Konsumenteschutz ULC fir d‘Interessi vun de Leit agesat.

Dräi Kanner an zwéin Enkelkanner sinn aus dësem Bestietnes ervirgaangen.

De Schäfferot huet et sech natierlech net huele gelooss, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.