Neijoerschpatt vun der Gemeng Berdorf

De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref hat de 13. Januar d’ Gemengeréit, d’ Personal vun der Gemeng a vun de Servicer déi mat der Gemeng zesummeschaffen, an d‘ Gemengekommissiounen op hiren traditionellen Neijoerschpatt agelueden, dat no enger Paus vun zwee Joer, bedéngt duerch d’Coronapandemie.

No engem klenge Réckbléck op déi net esou einfach lescht dräi Joer, goufen zwou Spillschoulsléierinne geéiert, déi schonns 2020 hir wuelverdéngte Pensioun ugetrueden haten D’Konsbruck-Finsterwald Annette (1981-2020) an d’Werdel-Goedert Marie-Jeanne (1991-2020).