Fraen a Mamme Berlé spenden un « Een Häerz fir kriibskrank Kanner » asbl

D’Fraen a Mamme Berlé hunn am Januar 2020 hiren traditionelle Kaffiskränzchen zu Berlé gehalen. Et gouf Kaffi, Kuch, Tombola an Owes selwer gemaachen Hameschmieren. Duerch Covid-Pandemie ass 2021 hire Kaffiskränzche leider ausgefall, dat huet déi 14 motivéiert Fraen a Mammen awer net ofgehalen, Hameschmieren ze preparéieren an déi auszeliwweren un d’Léit aus der Géigend. Des Aktioun waren ee volle Succès, am ganzen hunn si 210 Hameschmieren ausgeliwwert. Wouduerch déi enorm Zomme vu 4500 € zustane komm ass. Déi sinn un d’Asbl „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ gespent hunn, eng Asbl mat der si eng ganz besonnesch Relatioun hunn. Fraen a Mammen ass 2000 gegrënnt ginn, an deenen 21 Joer wou si bestinn, hunn si schonn 38.250 € un karitativ Zwecker gespent.