Adventsmaart am Bieschbecher Atelier

Adventsmaart am Bieschbecher Atelier

Freides virum éischten Advent huet de Bieschbecher Atelier, den Atelier protégé vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, op säin traditionellen Adventsmaart an de Raimlechkeete vum Blannenheem, invitéiert.

Bei dëser Geleeënheet konnten d’Leit sech vun deene verschiddenen Aarbechten aus eisem Atelier iwwerzeegen. Nieft enger ganzer Rei vu Chrëschtdagsarrangementer an Adventskränz goufen och vill Dekoratiounen aus Keramik an Holz ugebueden.

Selwer gemaachte Patisserie, eppes Klenges fir den Honger tëschenduerch oder eng flott Kaddo’s-Iddi krut e gären mat op de Wee an et konnt een e puer gemittlech Stonnen a flott an agreabel Momenter bei eis zu Rolleng verbréngen.