Maart am Bieschbecher Atelier

D’Bieschbecher Atelier Sàrl vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung huet wärend de Summerméint ëmmer Freides, tëschent 10 an 12 Auer op hire Wochemaart invitéiert.

Bei schéinem Wieder kruten d’Leit op der Terrass vum Atelier hausmaacher Patisserie, selwer gebakent Brout, verschidde Blummenarrangementer, an Deko’sartikelen aus Keramik an Holz ugebueden. Virun allem gouf bei dëser Geleeënheet frësch Uebst a Geméis aus eegenem Gaart proposéiert.

Et ass dëst eng Méiglechkeet, och a Corona-Zäiten, op déi villsäiteg, lokal a regional Produkter aus dem Atelier opmierksam ze maachen.