Fréijoersmaart vum Bieschbecher Atelier

Fréijoersmaart vum Bieschbecher Atelier


Trotz schlechte Wiederkonditiounen huet de Bieschbecher Atelier zesumme mat der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung viru Kuerzem op säi Fréijoersmaart invitéiert, wou nieft Summerplanzen a -blummen och jonk Geméisplanzen, vill verschidden Dekoratiounen fir an a ronderëm d’Haus, am Holz an der Keramik, ugebuede goufen. Fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt- nieft Defteges vum Grill, goufen och hauseege Patisserie an dem Atelier seng regional Produkter ugebueden. An de Raimlechkeete vum Blannenheem konnten d’Leit e puer ganz gemittlech a flott Momenter a gudder Ambiance mam Jeannot Conter am Dréchene verbréngen. Mir hoffen, dass dat gutt Wieder eis d‘nächst Jar net am Stach léisst, fir dës flott Stëmmung och kënnen no baussen ze droen.