Bieschbecher Atelier Fréijoersmaart

Fréijoersmaart am Bieschbecher Atelier

Viru Kuerzem hat de Bieschbecher Atelier, den Atelier d’inclusion professionnelle vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, op säin traditionelle Fréijoersmaart invitéiert. Hei krut een en Abléck an déi verschidden Aarbechten déi zu Rolleng gemaach ginn.

Nieft enger Hellewull vu Summerblummen fir op d’Terrass oder de Balcon, goufen et och jonk Geméisplanzen fir an de Gaart an originell Kreatiounen aus Holz a Keramik.

Den Nico mat sengen „Tartes flambées“ -aus dem Holzuewen- waren d’Attraktioun vum Dag an hu keen hongereg heem goe gelooss. D’Leit konnte sech och vun der hauseegener Patisserie iwwerzeegen an esou e puer gemittlech Stonnen bei eis verbréngen.