Fréijoersmaart vum Bieschbecher Atelier

Bei schéinem Wieder huet de Bieschbecher Atelier zesumme mat der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung den 07. Mee op säi Fréijoersmaart invitéiert, wou nieft Summerplanzen a -blummen och jonk Geméisplanzen, vill verschidden Dekoratiounen ,am Holz an an der Keramik, fir an a ronderëm d’Haus ugebuede goufen. Vum Zerwiss fir Jardinièren an eiser Zär beplanzen ze loossen ass och profitéiert ginn, Gaardefrënn konnten hauseege Patisserie an dem Atelier seng regional Produkter als kleng Stäerkung mat heem huelen. Ee schéine Summer a vill Freed mat de Blummen an Planzen.