Schlassconcert vun der Chorale Municipale Sängerfreed

Eemol méi wusst d’Chorale Municipale Sängerfreed vu Beetebuerg hire Publikum mat engem äusserst anspruchsvollem Programm vu Wiener Melodien ze begeeschteren. Op hierem dësjähregem Schlassconcert ugangs Juni hu si op deenen zwee Concert’en mam Titel „Wiener Owend“ eng äusserst gudd Prestatioun gebueden, daat ënnert der Leedung vun hierer Dirigentin dem Nancy Back-Kelsen. Och di 2 Solisten, d’Gaby Wolter-Boever an de Marc Dostert an de Pianist Kevin Tamanini wussten d’Leit mat hiren Einlagen ze fesselen. Vum Wienerblut, Geschichten aus dem Wienerwald, an der schönen blauen Donau iwwert Ambosspolka, Sängerlustpolka a villen aaneren flotten Stécker gouf et en onvergiesslechen Owend dee mat villem Applaus belount gouf.


Text vum Luss Einsweiler

Foto vum Alain Piron