85 Kärze fir Maria Greis-Berg vu Bierg


85 Käerze fir d´Maria Greis-Berg vu Bierg/Betzder

D´Madamm Maria Greis hat d´Famill a Frënn agelueden an de „Restaurant le Relais du Château“ zu Betzder fir hire 85.Gebuertsdag ze feieren an alleguer hu mir eis gefreet op dëser schéin organiséierter Feier derbäi ze sinn. Maria Berg ass gebuer de 7.12.1934 zu Nittel an opgewuess zesumme mat 4 Geschwëster. No hirer Ausbildung huet si zu Eech am Spidol geschafft, wou si dann och hire spéidere Mann, de Jean-Pierre Greis vu Bierg kennegeléiert huet. Dat gouf dann och eng eescht Saach, den aarme Mann konnt net fortlafen, hien hat d´Bee gebrach.Sou gouf dann och den 31.12 1955 Hochzäit gefeiert. Voun do un wunnt Maria zu Bierg.Hiere Jong, de Roger huet sech spéiderhin mam Edmée Weydert vu Mensder bestuet.D´Famill ass méi grouss gin an den Yves an d Ánouk koumen derbäi. Haut ass Maria iwwerglécklech Urbomi vum dem klenge Maya. D"´Bierger Maria“ brauch en guer net virzestellen.Am Duerf a souguer duerch ganz Gemeng ass „Maria“ bekannt. Maria ass net nëmme Presidentin vun de „Widdebierger 50“, wou hat mat vill Geschéck de Veräi leet.A vill Veräiner an der Gemeng wëssen dat Maria iwwerall gäre mathëlleft. Lo virun enger Woch nach stoung d´Maria bei Keelt a Reen um Chrëschtmaart zu Roodt Wafelen ze baken. Net ze vergiessen och säin Asaz fir Rout Krätz., All Joer trëppelt d´Maria zu Bierg vun Haus zu Haus a sammelt fir d´Rout Kräiz. Mir all wënschen dem Maria weiderhin eng stabil Gesondheet a mir bréngen dann no e puer Joer och déi 90 Käerze mat.