Chrëschtfeier- Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder

Chrëschtfeier bei de“ Widdebierger 50“plus.

No onsem Ausfluch op de Chrëschtmaart op Saarbrécken, un dem wiederbedéngt nëmmen 13 Léit deelgeholl hunn,goufen d’Membere vum Veräin op d‘järlech Chrëschtfeier agelueden.

De Sall war vum Josée festlech dekoréiert an aus der Kiche gouf et no enger Zöppchen eng gutt Paschtéit mat allerlee Emgereits an duerno Taart mat Kaffi.

De Comité huet gesuergt datt mir e ganz flotten an amusanten Nomëtteg konnten zesumme verbréngen an och eng flott Tombola huet zu dësem bäigedroen.

No e puer gemittleche Stonnen hu mir eis op den Heemwee gemaach. Virdrun huet d’Präsidentin Madame Maria Greis ons alle schéi Feierdeeg, et gutt neit Joer gewënscht a versprach am Joer 2024 mat eis zesumme schéin Aktivitéiten ze plangen.

Madame Greis huet och de Wonsch ausgedréckt, nach mei jonk „eeler“ Widdebierger an eisem Veräi begréissen ze kënnen.