WiddeBiergerdag- Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder

E Samschdeg, den 4.November 2023 huet de Comité vun de « WiddeBierger 50+ » och dest Joer rem seng Memberen mat engen ronnen heijen Gebuuertsdag geéiert.


Mat 90 Joer waren et Madamm Adely Lahr-Audry an d´Madamm Anny Sauer-Bauer.


Mat 80 Joer waren den Här Henri Schroeder , den Här Roby Kimmel, den Här René Erpelding, Madamm Dory Wildgen-Thill, an dMadamm Lily Toisul derbäi. Hinnen gouf gratuléiert mat engem scheinen Blummenarrangement an nach weiderhin eng schéin Zäit gewönscht.


Et waren vill Memberen present a si hunn sech Mettegiessen am Restaurant „Relais du Chateau“ zu Betzder gutt schmachen geloss.Och de Gebuertsdagskuch war eng Delikatess.