Och d´Seniore freeën sech op ee schéint Fest!

Fir de 15.Juli 2023 hat de Comité vun de « Widdebierger 50+ » seng Memberen op ee schéinen Nomëtteg mat engem excellenten Iessen an de Restaurant du Château op Betzder agelueden. Bei schéinstem Wieder konnt Präsidentin Maria Greis vill vun de Membere begréissen Ëmmer erëm ass et schéin, ze gesinn, wei d´Seniore – Dammen an Hären- sech tipptopp erausfize fir dass mir schei Fotoe kënne maachen.Et gouf vill gepotert a gelaacht an de Nomëtteg war laang.

D´Sekretärin huet och nach verschidden Aktioune fir dëst Joer ugekënnegt awer eis nach net ze vill verroden.Lo si mir gespaant, wat nach sou alles geplangt ass a mir freeën eis schonns dorop.