Conveniat vun deene „alen Eeschler Schoulkanner.

Den 10. Mée haten de Marc Weides, d´Marie-Rose Rippinger an ech no 2 Joer Paus nees  e Conveniat organiséiert fir all „Schoulkanner“, déi virun 1969 zu Eeschler/Junglënster an d´Schoul gaange sinn.  Duerno gouf d´Schoul definitiv zou gemaach well an dem klenge Baurendierfgen net méi genuch Kanner waren.Mat engem Bus an engem Guide vun der Staat Lëtzebuerg hu mir geplangt déi Quartieren um Kierchbierg a soss schéi Plazen an der Staat ze besichtegen.Awer zu eiser gréisster Freed goufe mir vum Här Maurice Bauer op der Gemeng empfaangen. Dat war eng ganz  grouss Éier a Freed fir eis. Dem Här Bauer seng Mamm, d´Madamm Christiane Bauer-Eicher war déi lescht Léierin zu Eeschler an d´ Famille Bauer huet och am Duerf gewunnt. Bei onsem Treffen op der Gemeng mam Här Bauer konnte mir vill schéin Erënnerungen austauschen a mir kruten och verschidde schéi Büroe gewisen.Zum Schluss gouf et och nach e Gedrénks an e schéine Foulard fir jiddereen.

Nodeem si mir mam Bus iwwer de Kierchbierg an d´Ëmgéigend gefuer´, fir dann op Dräi Eechelen ee Stopp ze maachen an déi schei Vue iwwer d´Staat ze genéissen.Dobäi hu mir och en Apero gedronk ier mir an engem gudde Restaurant Mëtteg gemaach hunn.