Generalversammlung- Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder

Generalversammlung 2024

Wéi all Joer hunn d“Widdebierger 50+“ hir Generalversammlung am Lokal „Iewescht Bowengs“ zu Rued-Syr ofgehalen. No der Begréissung duerch Präsidentin Maria Greis,gouf ewéi gewinnt de Mëtteskascht zerwéiert an dat alles zur Zefriddenheet vun de Memberen. Vill benevol fläisseg Hänn hunn an der Kichen hiert Bescht gemaach, an hinne soll och eemol ee grousse Merci gesot ginn,zemol si och nach dat meescht Iesse selwer bezuelen.

Nom Iesse koum den administrativen Deel, wou d’Sekretärin, an de Caissier hir Berichter iwwer d’Aktivitéite vum Joer gemaach hunn. Alles war positiv. De Buergermeeschter mat sengen 2 Schäffen-Damme ware präsent an hunn de Veräin gelueft fir seng vill Aktivitéiten.

Memberskaarte vun 10 Euro goufen opgehuewen an no enger schéiner Poterstonn ass jiddereen zefridden heemgaang.