Pappendag 2023 bei de „Widdebierger 50+“ aus der Gemeng Betzder

Wéi all Joer gouf och 2023 nees ee schéint Fest fir eis Pappen organiséiert. Zesumme koume mir am Lokal „Iewescht Bowengs“, wou alles festlech dekoréiert war. Präsidentin Madamm Maria Greis huet all Membere begréisst an alle Pappen a Grousspappen eng gutt Fläsch Cremant iwwerreecht.


D´Roll vum Papp a Bopa an der Famill ass dësen Nomëtteg ervirgehuewe ginn. Wärend de Papp an d´Mamm schaffe ginn a fir d´Wuel vun der Famill suergen,huet de Bopa, meeschtens an der Pensioun, vill Zäit sech ëm de Nowuess ze këmmeren.Hien ass déi Persoun, déi vill erzielen an erkläre kann. Mat de Kanner duerch de Bësch spadséieren, op vill Froen eng Erklärung ginn a sou villes méi.


Nom Aperitif gouf dat vum Gilbert a senger Equipe gutt gekachte Mëttegiessen zerwéiert an duerno nach bei engem gudde Pättche vill gepotert.

Merci soe mir all fir dee schéinen Nomëtteg.