90.ten Gebuertsdag vum Nathalie Schmit-Altmann vun Ouljen

90.Joer fir Nathalie Schmit-Altmann.


A Covids-Zäiten huet Madame Nathalie Schmit-Altmann vun Ouljen hiren 90.Gebuertsdag alleng misse feieren.Noenaner sinn hir Kanner, Frenn a Bekannten gratuleiere komm.Esou leist sech och feieren an d´Nathalie hat öfters Gesellschaft.


Nathalie Altmann ass gebuer den 22.4.1931 zu Ouljen am Haus "Iewescht Schiltz" als eenzegt Meedchen vum J.P.Altmann a Marianne Schintgen.Schons fréi huet Nathalie bei allen Aarbechten an Haus a Stall matgeschafft.Hire Mann, den Hilaire Schmit huet Nathalie an der Noperschaft fonnt, an zwar zu Fluesweiler. Den 16.4.1955 hun Sie sech Jo-Wuert gin an der Kiirch zu Ouljen. 5 Kanner koumen derzou: Irène, Aloyse, Chantal,Lucien a Marie-France. Nom Doud vum Hilaire Schmit am Joer 2009 huet de Lucien Schmit zesummen mat senger Fra Berthy Boonen de Betrieb iwwerholl.

D´Nathalie ass eng fleisseg Fra an hëlleft do wou et néideg ass. Ganz besonnesch gär schafft Sie am Gaart.Grousst Leed huet Sie getraff beim Doud vun Hirer Duechter Irène Wilmes-Schmit, déi ee langt Kriibsleiden net iwerlieft huet.Awer Sie huet no vir gekukt an ass haut stolz Boma vun 7 Enkelkanner an 3 Urenkelen.

Nathalie ass gär gesinn bei hire Matmënschen,Sie wées vill ze erzielen vu fréieren Zäiten.Ganz Famill an hir vill Frënn wënschen der Madame Nathalie Schmit-Altmann nach eng schéin Zäit an eng gutt Gesondhéet.