Mir mache Vakanz! D´Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder hunn sech zesumme fonnt fir eng schéi Feier virun der Summervakanz. Am Restaurant „le Relais du Chateau“ zu Betzder sinn trotz dem waarme Wieder vill Memberen derbäi a loossen sech d´Iessen an e kaale Patt gutt schmachen. Am Hierscht fänken d´Aktivitéiten nees un. Den 9.Oktober 2018 feiere mir eis Pappen, den 17.Oktober 2018 ass d´Senioren-Eierung, an zum Schluss, den 11.12.2018 eis Krëschtfeier mat enger schéiner Tombola.