SCHECKIWWERREECHUNG BEIM KOLPING FEELEN

D’Monique Back mécht eng Ausbildung fir Suedlerin

Betzdorf. Viru kuerzem war eng Delegatioun vum Kolping Feelen op Betzder an de Relais du Château fir dem Monique Back eng Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen. No sengem Diplom de fin d’études secondaires techniques am Joer 2014 koum d’Monique, op Urode vum SNJ op Betzder bei « De Leederwon Asbl »an huet och do am Joer 2015 de Kutscheführerschäin gemaach. Als Ofschloss no 3 Joer an England, vun 2015 - 2018, krut d’Monique 2018 de « Bachelor of Arts in Film » op der University of Roehampton. Vun 2018, an dat wärend 3 Joer, ass d’Monique zu Stuttgart fir een « Apprentissage Adulte » fir Suedlerin op der « Kerschensteiner Schule » ze maachen an logéiert do och an engem Kolpinghaus. Als Benevole beim « De Leederwon Asbl » hält d’Monique dat ganzt Päerdsgeschir, souwéi all aner Saachen am Lieder, an der Rei. Och scheit et sech net fir bei den Aarbechten um Haff mat de Päerd eng Hand mat unzepaken. Op dësem Owend war et fir de President Fons Schmitz vum Kolping Feelen eng Éier fir dem Monique ze soen, datt all Joer vun der Léier, eng finanziell Sprëtz vun 1500 € iwwerwise gëtt, an huet him an deem Sënn Bonne Chance gewënscht. Et war eng Iwwerraschung, déi wierklech gelonge war, well d’Monique guer näischt vun deem ganzen Owend eppes wousst. Zënter dem Hierscht 2018 ass d’Monique och Member vum Kolping Feelen. D’Jeanny Berns-Ries huet een 1. Scheck vu 1500 € iwwerreecht an de Fons Schmitz d’Kolping-Memberskaart. No engem uschléissenden Owesiessen, wou de Peter Aendekerk an d’Josette Schmitz vun « De Leederwon Asbl », souwéi och de Fahrlehrer vum Kutscheführerschäin, den Hans Biesenbach uwiesend waren, goung deen Iwwerraschungsdag fir d’Monique Back vill ze séier op een Enn.

Text: Fons Schmitz (Kolping) / Foto: Josette Schmitz (De Leederwon)