TRËPPELTOUR VUM KOLPING FEELEN ZU ESCHDUERF

Scheckiwwerrechung vun 350 € un LGS St Pirmin vum Séi


Viru kuerzem hat de Kolping Feelen een Trëppeltour zu Eschduerf organiséiert, wou och eis Frënn vu Kolping Zentrum drun deelgeholl hunn. Moies hu mir eis op de Wee gemaach fir dee flotten « Steepilzewee » ënnert d’Féiss ze huelen a bei herrlech waarmem Summerwieder hu mir déi wonnerbar Eislécker Bëscher a Landschaft no beim Stauséi bewonnert. No dësen Ustrengungen hu mir eis alleguer um Site vum Scoutschalet zu Eschduerf getraff fir den Apero an duerno d’Mëttegiessen zou eis ze huelen. Eis Jugend huet gegrillt an Damme waren zoustänneg fir Zaloten an Dessert. Um 15 Auer hate mir Rendezvous beim Député-Maire a senger Madamm, dem Sylvie, fir de Privatgaart kucken ze goen, deen sech op iwwer 2 ha erstreckt. Déi ganz Vilfalt u Blummen, Hecken, Plantagen an sou muenech schéinen Eck konnte mir bewonneren a feststellen, datt do ganz vill Aarbecht dohanner stécht. Als Ofschloss vum Rondgang krut d’Sylvie eent Blummenarrangement an de Marco ee Scheck vun 350 Euro iwwerreecht. Als President vun de LGS St Pirmin vum Séi war et him eng grouss Freed dëse Scheck entgéint ze huelen an déi ginn da benotzt fir Saache fir de Scoutschalet zu Eschduerf unzeschafen. Nach e puer gemittlech Stonnen hu mir duerno verbruecht, a waarden elo schonns op den Trëppeltour vun 2019, dee vun eise Frënn vum Zentrum organiséiert gëtt.

Text: Schmitz Fons / Fotoen: Bormann-Kayser Fernande