DE KOLPING FEELEN AM DINGSCHT VUM NÄCHSTEN


Grouss „International Kolping-Friddenswanderung“ vum 2.-5. Mee zu Veianen


Viru kuerzem war d’Generalversammlung vum Kolping Feelen a bal all d’Membere ware present. No dem Ofhale vun enger Gedenkminutt fir verstuerwe Kolpingsmemberen, Frënn a Bekannten, a speziell fir den Éierebuergermeeschter Marcel Thill, huet de President Fons Schmitz als Éieregäscht de Buergermeeschter Fernand Mergen, d’Conseilléiere Christianne Mergen a Georges Hentges, souwéi d’Presidentin vum Zentrum d’Annette Schroeder an d’Nationalpresidentin Marie-Jeanne Brauch begréisst.

Wéi dat sou Traditioun ass ginn dann ëmmer Merci’en ausgesprach fir d’Ënnerstëtzung oder d’Mataarbecht am vergaangene Joer. D’Gemeng huet am Joer 2018 d’Kolpingslokal ganz nei ugestrach, energiespuerend Luuchten agesat, a wou et méiglech war, finanziell oder materiell gehollef, dat och an Zesummenaarbecht mam Personal an den Aarbechter. Ee Merci goung och un de Jean-Pierre Majerus, deen een Don gemaach huet vun 200 € vum Verkaf vun de Chrëschtbeemercher. Och Zesummenaarbecht mat de Frënn aus dem Zentrum an d’Matschaffen an der ASBL ass ervirgehuewe ginn, speziell am Hibléck op d’Ausriichte vun der 52. Internationaler Friddenswanderung vum 2. – 5. Mee 2019 zu Veianen, wou ongeféier 300 Kolpingsmemberen aus 9 verschiddenen europäesche Länner erwaart ginn. Ee ganz grousse Merci goung u seng Feelener Komitees- a Veräinsmemberen, déi am Laf vum Joer ganz vill Asaz gewisen hunn bei deene verschiddenen Aktivitéiten, Kleedersammlung an d’Eidelmaache vun deenen orange Container.

D’Joer 2018 war erëm gutt gefëllt, wéi een am Aktivitéitsrapport vum Sekretär konnt eraushéieren. 78 mol war d’Equipe ëm den Hansen’s Jos mat der neier Camionnette ënnerwee, fir d’Container eidel ze maachen an et kommen nach 13 Asätz derbäi, wou Privatleit Kleeder vu Stierffäll dem Kolping ginn hunn. Bei alle kierchlechen a weltleche Manifestatioune war de Kolping derbäi, a verschidden Evenementer goufen organiséiert, wéi z.B. Trëppeltour, Raumaktioun am Lokal, Theater Alaska, Chrëschtmaart. Am ganze Joer koumen sou am ganzen 155 Mouvementer zesummen, wou een oder méi Memberen am Asaz waren. Déi verschidde Stellplazen (Heischent, Wäisswampech, Schieren) vun de Bennen, wou Tuten ageluede gi fir op d'Zortéierwierk, gi vum Feelener Kolping mat geréiert. Och goufe 4 Chequen verdeelt: 350 Euro un d’Scouten Eschduerf, 1000 Euro fir d’Operatioun zu Ettelbréck an der Klinik vum Gallo, engem senegalesesche Jong vu 6 Joer, 1500 Euro un d’Organisatioun „Be Your Own Hero“ an och nach 1500 Euro un de „Kolping-Freundeskreis-Litauen“.

Fir d’Joer 2019 ass den Terminkalenner schonns gutt gefëllt mat ë.a.: Friddenswanderung zu Veianen (2.-5.Mee), Aktioun Aalt Gezei (20.+21.September), Eisekuchen am Cactus Angelduerf (27+28. September), souwéi déi traditionell kierchlech a weltlech Manifestatiounen. Och ass geplangt vum 8.-15. Dezember d’Krëppenausstellung ofzehale mat als Ofschloss de Chrëschtmaart mat Eessen (15. Dezember).

De Keeserapport gouf vum Jeanny Berns gemeet a vun de Keeserevisore Josée Klein a Camille Braun gouf Decharge gefrot. Fir déi nächst 3 Joer gëtt d’Josée Klein vum Marianne Hentges bei der Keeserevisioun ersat.

De Jean-Marie Bormann huet e puer Chiffere vun der Aktioun Aalt Gezei genannt (em déi 230 Tonnen) an och vun der Kollekt vun de Kleeder aus de Container, déi landeswäit opgestallt sinn, a wou d’Jongenheem vu Bartreng eis Feelener Kollegen ënnerstëtzt beim Eidelmaachen. D’läscht Joer waren 2587 Tonnen an deene Container an dofir ee grousse Merci un d’Leit déi d’Kleeder, Schong, asw an den Tute bei der Stroossen- a Containersammlung eis viru ginn.

D’Annette Schroeder huet de Feelener Kolpingsfrënn am Numm vum Kolping-Zentrum ee Luef ausgeschwat fir déi vill Aktivitéiten an Aarbecht. D’Marie-Jeanne Brauch huet déi 2 Projet’en am Kongo virgestallt, een Akerbauprojet an deen 2., wou Zentrale gebaut ginn fir Waasser sichen ze goen, an awer och 20 Waasseruschlëss.

D’Schlusswuert huet de Buergermeeschter, de Fernand Mergen geschwat an och dem Kolping Feelen fir deen exemplareschen Asaz am vergaangene Joer vun der Gemeng de Merci iwwerbruecht. „Mission accomplie“ fir d’Gemeng wat d’Renovéierung vum Kolpingslokal betrëfft, och wann nach déi eng oder aner kleng Aarbecht muss gemaach ginn.

No der Generalversammlung setzt sech de Komitee vum Kolping Feelen esou zesummen: President a Sekretär: Schmitz Fons, Keessière: Berns-Ries Jeanny, a Memberen: Bormann-Kayser Fernande a Choque-Weber Juliette. Keeserevisoren: Braun Camille an Hentges-Audry Marianne. Och goufe 5 nei Memberen opgeholl, soudatt elo 35 Memberen am Kolping Feelen sinn.

Wann nach een interesséiert wär fir am Kolping matzeschaffen,sief dat am Komitee oder als Member, kann en sech roueg bei engem vun de Komiteesmemberen, um TEL: 810822 oder per mail: freichel@pt.lu mellen. (Schmitz Fons)