Senioren aus der Gemeng Betzder gi verwinnt.

De Gemengerot aus der Gemeng Betzder huet an dësen schwéieren Zäiten fir d´Senioren vill ënnerholl fir deenen eelere Leit eng kleng Freed ze maachen. Och hu mir eng ganz aktiv Sozialkommissioun déi sech vill em déi eeler Leit këmmert.Well déi alljärlech Seniorenfeier,dëst Joer ausgefall ass, huet de Gemengerot vill verdidden Kaddoen ausgedeelt. Fir d´Ouschteren gouf et e schéine Teller mat Wäffelcher an engem Ouschteree (vun der Sozialkommissioun), fir de Nationalfeierdag eng gutt Fläsch Wäin (vun der Gemeng). De Gemengerot huet och de Kleeschen laanschtgeschéckt mat enger Këscht voller Leckereien, souguer eng Fläsch Schampes war derbäi. An elo fir Chrëschtdag kruten all Senioren ee Kreschtstollen iwwerreecht (vun der Sozialkommissioun).

All Senioren soen ee léiwe Merci a wënschen schéi Feierdeeg an ee gutt neit Joer.