Traditionell Massendénger/innen Eierung zu Rued an der Gemeng Betzder

Den 20. November 2022 an der Sonndegowesmass um Chrëschtkinneksfest zu Rued sinn d’Massendénger/innen aus der Gemeng Betzder fir hir reegelméisseg Presenz an hiren Asaz geéiert gi. Et sinn der aktuell 15 an der Zuel ,an no der Mass hunn sech spontan nach 2 Kanner gemellt fir och kënnen derbäi ze sinn. Den Théo Ringler hat déi gréisste Presenz iwwert d’Joer gehat a krut dofir extra Merci gesot.

Iwwert den Déngscht an der Kierch eraus haten d’Massendénger/innen awer och nach e sëllegen aner Aktivitéiten: Do sinn Weihwasseraktioun , Liichtmëssdag fir déi eeler Leit an dat traditionell Klibberen ze ernimmen.

Den Paul Ringler an de Romain Perbal hunn an engem flott opgemaachenem Powerpoint all des Aktivitéiten an nach anerer presentéiert. Et ass ze ënnersträichen, dat d’Fleeg vun hirem Massenéngeschgaard dozou bäidréit dat des Equipe zu engem richtegen a motivéierte Kollektiv bäidréit.

Zum Schluss vun der Feier huet Carina am Numm vun de Massendénger/innen als Merci fir déi gutt Begleedung dem Marie-Josée Frank eng Adventsdekoratioun iwwerreecht.

De Paschtouer Guy Diederich huet a sengem Schlusswuert séi ganze Stolz iwwert des „success-story“ ausgedréckt.

Mir wënschen eiser Massendéngerequipe weiderhin esou eng grouss Solidaritéit an Engagement wéi si dat bis elo gewisen hunn.