43.150 Euro fir de Ruanda

Par Musel a Syr - Saint-Jacques

Déi traditionell Hëllefsaktioun vun eiser Par fir 2020/21 an Zesummenaarbecht mat der ONG CSI Lëtzebuerg huet déi impressionant Zomm vun 43.150.- € erginn.

De 7. November 2021 gouf den Ofschloss vun der Hëllefsaktioun 2019-2021 ënnert dem Motto „Gleichberechtigter Zugang zu Bildung für Flüchtlingskinder und Jugendliche in Ruanda“ mat enger Scheckiwwerreechung an der Kierch zu Ruedt/Syr gefeiert.

E grousse Merci geet un all déi privat Persounen, Veräiner, awer och d’Kommuniounskanner a Massendénger, déi un der Aktioun deelgeholl hunn.

D’Suen vun dëser Hëllefsaktioun kommen de Flüchtlingskanner aus dem Burundi zegutt, awer och de Kanner aus dem Ruanda aus sozial méi schwaache Familljen.