Klibberaktioun vun de Massendëner/innen aus der Gemeng Betzder

Den 23. Mee hunn d'Massendénger/innen vun der Gemeng Betzder am Kader vun der Sonndesowesmass zu Ruedt/Syr e symbolesche Scheck vun 520 € un CSI iwwerreecht. Dese Beitrag ass beim Klibberen duerch d'Spenden vun de Léit gesammelt gin an ass en Deel vun de Spenden, déi fir d'action humanitaire vun 2020/21 bestëmmt sinn.

Mir soen eiser Massendéngerequipe dofir e grousse Merci.