Impressionant Zomm vun der action humanitaire an der Par Musel a Syr

Déi traditionell Hëllefsaktioun vun der Par Musel a Syr-Hellege Jakobus wärend der Adventszäit, Faaschtenzäit bis no de Kommuniounen,koum op déi impressionant Zomm vun 60.345,73 € . Des Aktioun ass an Zesummenaarbecht mat der ONG « Chrëschte mam Sahel“ an der CARITAS organiséiert gin. Doduerch, dat wärend der Aktioun dat schlëmmt Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien war, an do dringend Hëllef gebraucht gin ass, sinn och en Deel vun de Spenden, an zwar 4.790 € dofir un d’CARITAS gaangen.

Des Zomme sinn zesummekomm duerch Privatdonen, den Affer an de Kierchen, Klibberaktioun vun de Massendénger an duerch Doen bei der éischter Helleger Kommioun. Et sinn och zwee Veräiner aus der Por, déi matgemaach hunn, an zwar d’Ouljer Musek an d’Amicale vun de Pompjeeën. Och bei ville freedegen an trauregen Ereegnisser, wéi Gebuertsdeeg, gëllen Hochzäiten a Stierffäll si vill Doen zesummekomm.

Chrëschte mam Sahel hëlleft, dank dëse finanzielle Mëttelen, Aktivitéiten an der Bildung a Formatiounen an de Beräicher Drénkwaasser a Landwirtschaft ze finanzéieren. Fir d’Schoulinfrastruktur ze verbesseren, gi Klassesäll gebaut an ekipéiert, och ee Pëtz ass hei virgesinn.

Zum Schluss vun der Iwwerreechung huet de Paschtouer Guy Diederich alle Spender en häerzleche Merci gesot a betount, dass déi humanitär Aktioune fir verschidden ONG’s schonn 1984 ënnert dem Paschtouer Jean Leyder an der Par Rued-Sir ugefaangen hunn, an haut fir d‘Par Musel a Syr bis elo genee 1.611.002,51 € erabruecht hunn.