E Quetschebam fir de Jacques Huberty vu Bilschdrëf


Bilschdrëf: Op Initiative vun der Entente vun de Veräiner Ueschdrëf- Bilschdrëf huet de Jacques Huberty vu Bilschdrëf als Neigewielte Conseillier an der Gemeng Rammerich am Kader vun enger flotter Feier nieft sengem Haus, op eegene Wonsch ee Quetschebam geplanzt kritt. Hie war d’accord, datt deen ale Brauch soll opriicht gehale ginn an duefir d’Awunner vun Ueschdrëf a Bilschdrëf mat de Gemengevertrieder a Frënn op dat schéint Fest invitéiert. Derniewt war och e groussen a schéin dekorierten Dännebam opgericht gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)