10. Bichermaart zu Biwer

De 14. Abrëll haten d'Amis de la Croix-Rouge Biwer op hiren 10. Bichermaart an de Centre Culturel Fancy zu Biwer invitéiert. Moies um 10 Auer ass et lass gaangen an de lies-begeeschterte Public huet déi ausgestallte Wierker duerch stöbert an esou Munchereen huet sech mat schwéieren Tuten zeréck ob den Heemwee gemach.

Vill Leit hunn och vun der kulinarescher Offer profitéiert an sech de Mëtteskascht ob der Platz gutt schmaache gelooss. Am Nomëtteg waren 3 ganz interessant a gutt besichten Liesungen fir d’Kanner. E grousse Merci duerfir dem Luc Marteling an Ralph Hilbert, ewéi och allen Aussteller, ouni déi onsen Bichermaart sécher keen esou groussen Erfolleg gewiescht wir. E grousse Merci och allen Donateuren déi et ons erméiglecht hunn, vir eng flott Auswiel un Occasiouns-Bicher den Interesséierten kennen unzebidden. Fir dat Ganzt ze komplettéieren goufen op de Stänn vun der “Edition Kremart” an der “Actioun Lëtzebuerg” och Nei Wierker ugebueden.

Esou si mir ganz frou dëst Joer, een Deel vum Erléis dem Télévie a Form vun engem Scheck vun 1000 € kënnen ze iwwerreechen.