9. Bichermaart vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer

Schonns fir d’9te Kéier haten d'Amis de la Croix-Rouge op hire Bichermaart op Biwer invitéiert. E grousse Merci allen Donateuren déi et erméiglecht hunn vir eng flott Auswiel un Occasiouns-Bicher den Interesséierten kennen unzebidden. Zousätzlech zu de gesammelte Wierker vum Veräin, hunn och nach 10 weider Aussteller d’Offer ergänzt. Fir dat Ganzt ze komplettéieren goufen um Stand vun der Edition Kremart och Nei Wierker ugebueden. Fir de Choix un enger neier Errungenschaft ze vereinfachen, hunn Luc Marteling a Christiane Kremer am Nomëtteg aus de frësch gedréckte Wierker virgelies. Sie woussten hir grouss a kleng Nolauschterer mat flotten Auszich aus den rezenten Publikatiounen ze begeeschteren. Beim Duerchwulle vun de Bicher hunn déi passionéiert Lieser awer och keen Honger misse leiden. De ganzen Dag iwwer war vir dat leiflecht Wuel gesoucht ginn sief et bei engem gudde Maufel um Mëttesdësch oder bei Kaffi a Kuch.