Buergbrennen vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer

No aler Traditioun gouf och dëst Joer erëm zu Biwer d'Buerg gebrannt. Nom Opriichten goung de Cortège duerch d'Uertschaften Biwer & Wecker. Den Treffpunkt war uschléissend ëm 19 Auer bei der Biwer Kiirch vun wou aus dunn de Fakelzuch erop bei d’Buerg gaangen ass, wou déi lescht bestuete Koppel aus der Gemeng, d’Buerg ugefaangen huet. Mat engem Patt Glühwäin, engem Chokky fir déi Kleng an engem gudde Wirschtchen mat Sauermous, hunn vill Awunner dem Spektakel nogekuckt an de Wanter verdriwwen. E grousse Merci Allen déi de Wee trotz kaalem Wieder bei ons fond haaten.