Scheckiwwerreeschung vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer

Bei Geleeënheet vun enger klenger Feierstonn an a Presenz vum Här Buergermeeschter Marc Lentz, den Damme Sylvie Steinmetz a Martine Birkel vum Schäfferot vun der Gemeng Biwer a verschiddenen Vertrieder vum Gemengerot haten d’Amis de la Croix-Rouge Biwer de grousse Pleséier zwee Schecke vu jee 2500 EURO den Associatiounen Ile aux Clowns a.s.b.l. an der Fondatioun Wonschstär ze iwwerreechen.

Nodeems de Romain Nies, President vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer, op déi eenzel Manifestatioune, wou déi gesammelt Suen hiren Ursprong haten ewéi Buergbrennen, Bichermaart, Vizfest asw. agaange war, hunn d’Madamm Sylvie Philipp fir Ile aux Clowns an d’Damme Bernadette Neu a Nicole Greiwelding fir d’Fondatioun Wonschstär hir Organisatiounen an Aktivitéite virgestallt. D’Membere vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer konnten sech esou iwwerzeegen, datt hir Spenden och gutt ugeluecht ginn. Zum Ofschloss vun der Feierstonn hat d’Gemeng Biwer ob een Éierewäin invitéiert.