Een nobele Geste vum Gebuertsdagskand

De Nico Lemmer huet am Krees vu senger Famill, Frënn a Bekannten säin 60 Gebuertsdag gefeiert an a Plaz vu Kaddoen huet hien vir e gudden Zweck gesammelt. Esou konnten 1000 € un d'Kierchefabrek vun der Gemeng Biwer a Präsenz vun hirem President dem Här Nicolas Soisson an och 1000 € un d‘Lëtzebuerger Rout-Kräiz fir d’Ukraine an der Vertriedung vum Här Romain Nies, President vun den Amis de la Croix-Rouge, iwwerreecht ginn.