40. Aniversaire bei den Amis de la Croix-Rouge Biwer

An Präsenz vun den lokalen Autoritéiten an Vertrieder vun den Veräiner, gouf den lëschte Freideg den 40. Anniversaire vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer gefeiert. Bei där Geleeënheet gouf och dem Vertrieder vum Roude Kräiz Gilles Dhamen een Scheck am Wäert vun 10.000 € iwwerreecht. Den Jos Wagner an Romain Nies goufen geéiert fir hir 40 jäereg Memberschaft esou wéi och den Serge Coudouent fir seng 25 Joeren Déngscht am Veräin.