43. Vizfest vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer

D’Amis de la Croix-Rouge Biwer haten no engem Joer coronabedengter Paus op hiert 43. Vizfest invitéiert. Bei herrlechem Hierschtwieder waren vill Awunner aus der Gemeng an Ëmgéigend ob d’Fest komm an hunn e puer gemittlech Stonnen bei frëschem Viz an engem gudde Maufel verbruecht. Mir hoffen et huet Iech gutt gefall.