50 Joer am Dengscht vun der Musek vun der Gemeng Biwer

Bei Geleeënheet vum Fréijoersconcert vun der Biwer Musek goufen den Aly Hüsslein an de Romain Nies fir hir jeeweils 50 Joer Aktivitéit am Veräin geéiert. Den Aly Hüsslein, Éieremusikant an een vun de Grënnungsmemberen vun der Biwer Musek, huet virun e puer Joer säin Instrument un de Nol gehaangen an ass trotzdem dem Veräin all déi Joeren trei bliwwen mat Ausnam vun deenen wou hien berufflech bedéngt nët dem Veräin zur Verfügung stoe konnt. Den Romain Nies war während 12 Joer als Keessier fir d’Finanzgestioun zoustänneg an ass elo zënter 18 Joer als Sekretär responsabel fir déi deeglech Geschäfter. Hinnen zwee gouf vum President Gust Stoffel bei där Geleeënheet een passende Kado als Unerkennung fir hir geleeschten Déngschter iwwerreecht.