AMIPERAS BIWER: 85ten Geburtsdag vum Här Schmit André

Den 12.02.2019 huet den Här André Schmit vu Biwer säin 85ten Gebuertsdag gefeiert.

D´Amiperas vu Biwer huet sech eng grouss Freed doraus gemach, hirem langjähregen Member déi beschten Gléckwënsch ze iwerbréngen. Mat der Famill a Frënn gouf bei engem Patt dat schéint Fest gefeiert. Mir wënschen dem Här Schmit nach vill schéin Joeren an eng gudd Gesondheet.