BIWER: 85e Geburtsdag vum Här Kalmes Emile

Den 6.07.2018 huet den Här Kalmes Emile mat sénger Famill säin 85ten Geburtsdag gefeiert. D´Amiperas vu Biwer huet sech eng grouss Éier doraus gemach, hirem Grënnungsmember an laangjähregen President heifir ganz häerzlech ze gratuléieren. Bei engem Pättchen an dem Geburtsdagskuch gouf vill iwer déi schéin aal Zäit gepotert. Ganz houfreg ass den Här Kalmes op säin „klenge Musée“, den hien eis gewisen huet. Hei kann een Maschinen an Handwierksgeschir vu fréier bewonneren. De Komitee vun der Amiperas wënscht dem Här Kalmes nach vill schéin Joeren bei gudder Gesondheet.