Biwer Musek will Meer

D'Musek vun der Gemeng Biwer hat, ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Fabian Konz, ob een flotten Fréijoers-Concert invitéiert ënnert dem Motto “Biwer Musek will Meer”.

Mat bekannte Melodien “Little Mermaid Medley” an “English Sea Song Suite” hat de Concert ugefangen éiert et du mat dem “Traumschiff” ob grouss Fahrt gong. Natierlech hunn du och ”d’Pirates of the Carribean” nët däerfe feelen. No der Paus, an all Musikanten an origineller an themenentspriechender Garderobe, goung et dunn weider mat Südseeträume, Titanic, Beyond the Sea an engem Medley vun dem schonns bal vergiessenëm Seemann “Freddy Quinn”. Mat dem flotten Marsch “Hands Across the Sea” zum Schluss, wousst den Ensemble während dem ganzen Owend säin Publikum ze begeeschteren. Och fir d’Aen war un alles geduecht ginn, war dach fir Matrousen, Piraten, Beach-Boys & Girls an hire Kapitän extra en Dräimaster gebaut ginn. Als kréinenden Ofschloss huet natierlech den Captain’s-Dinner net feelen däerfen