Buergbrennen organiséiert vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer

D'Amis de la Croix-Rouge Biwer haten den Sonndeg ob d’Buergbrennen invitéiert. Bei kalem awer herrlechem Wieder goung et ëm 19 Auer mam Fakelzuch vun der Biwer-Kierch bis bei d’Buerg wou no aler Traditioun déi lescht bestueten Koppel aus der Gemeng d'Buerg ugefaangen huet. Ganz vill Läit waren dem Opruff vum Veräin nokomm a konnten esou de Spektakel hautno erliewen. Mat Chokky an Glühwäin an engem klenge Maufel goufen déi kleng a grouss Supporter belount.