Buergbrennen zu Biwer

No aler Traditioun hunn d'Amis de la Croix-Rouge Biwer och dëst Joer d’Buerg verbrannt. No dem Ëmzuch am Nomëtteg duerch d ‘Uertschaften Biwer an Wecker stoung géint hallwer aacht den Fakelzuch um Programm. An Begleedung vun ongeféier 100 Awunner vun Biwer an Wecker an dem Här Dechen Claude Bache, huet déi lëscht bestuete Koppel aus der Gemeng déi weiblech Popp erop bei d’Buerg gedroen fir se no aler Traditioun mat ze verbrennen. Ewéi all Joer gouf et nom Freedefeier een Patt Glühwäin fir déi Grouss an een waarmen Chocky fir déi Kleng mat engem Wierschtchen mat Sauermous.