d'Amis de la Croix-Rouge Biwer spenden 10.000 EUR

Bei Geleeënheet vun enger klenger Feierstonn an a Präsenz vum Här Michel Simonis, Directeur Général vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Madame Sylvie Steinmetz an dem Här Marc Greis vum Schäfferot vun der Gemeng Biwer an verschiddenen Vertrieder vum Gemengerot an Matarbechter vum Roude Kräiz, haten d’Amis de la Croix-Rouge Biwer den groussen Pleséier een Scheck vun 10.000 EUR dem Service “Perspectives Logements encadrés” vum Lëtzebuerger Roude-Kräiz ze iwwerreechen.

Nodems den President Romain Nies vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer ob déi eenzel Manifestatiounen wou déi gesammelt Suen hiren Ursprung haten ewéi Buergbrennen, Bichermaart, Vizfest asw. agaang war, hunn d’Rita Streff an d'Claude Lamesch vum Service Perspectives erklärt firwat fir eng Zwecker dësen Montant agesat géif ginn.

Des Suen déngen derzou jonk Erwuessener (18-26 Joer) ze ënnerstëtzen mat verschiddenen Trousseaux’en, “Package“ vu Saachen, wann Sie bei dem Service Perspectives ukommen. Et ginn am Moment 3 verschidden Zorten vun Trousseaux’en: den “Trousseau d’arrivée” mat Decken (couette), Pillem, Bettwäsch an Wäschdicher (dee kréien sie wann sie, meeschtens vun der Strooss, an eng WG vun der Croix-Rouge eraplënneren). Den Trousseau d’arrivée gëtt et och an der Baby-Kannerversioun, falls Kanner mat eraplënneren. den “Trousseau de transition” mat Geschir, Paanen, Dëppen, Botzmaterial (dee kréien sie wann sie vun enger WG an een eegenen Studio plënneren) an den „Survival package“ eng Selektioun vun „dreschen“ Liewensmëttel, fir déi éischt Deeg nët ze erhéngeren (Nuddelen, Reis, Tomatenzooss…) an frëscht Uebst a Geméis plus Hygienesproduits’en (Zännpasta, Zännbiischt, Déo, Shampoing, Seef, Dammenhygienesproduits’en asw). Wichteg ze erwänen, ass och, dass all déi jonk Leit eng kleng Partizipatioun (ca. 1/3 vum Präis) mussen bezuelen, fir dass Sie direkt ufänken ze léieren dass een am Liewen näischt fir näischt gëtt.

Zum Ofschloss vun der Feierstonn hat d’Gemeng Biwer ob een Éierewäin invitéiert.