D’Klass 56-58 huet hire jährlichen Konveniat zu Clierf gefeiert.

Op Invitatioun vun den Organisatoren: Hengel Heng, Kass Will, Lamberty Nic, Meyers Leo, Meiris Emil a Steichen Pol hunn d’Kollegen vun der Klass 56-58 aus der Ackerbauschoul viru kurzem sech dësst Jar am Norden vum Land getraff fir hire Konveniat ze feieren. Si sinn moies an der Setzgromperegenossenschaft zu Eselborn zesummekomm, wou Directrice, Mme Nathalie Lamberty-Brachtenbach, eng ganz interessant a léierräich „Visite guidée“ mat hinne gemaach huet.

Zu Clierf am Restaurant des Nations sinn si vum Député-Maire Emile Eicher empfange ginn a kruten eng Coupe Schampes offréiert.

Bei engem excellente Menu sinn sou munech Anekdoten a Spiichten vu fréier erzielt gin an de Rendez-Vous fir 2018 ass geplangt ginn.

Bleiwt ze bemiirken, dat hir Fraen dësen Dag och eppes zesummen ënnerhuelen, an esou hu si sech zu Esch/Sauer getraff, mat enger Visite vun der Duchfabrik.