Diplomiwwereeschung un d'Absolventen vum 1 Hëllef-Cours zu Biwer

An Präsenz vum Här Buergermeeschter Nicolas Soisson, den Memberen vum Scheffen an Gemengeroot an dem Här Simonis, Vertrieder vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, gouef bei Gelegenheet vun enger klenger Oofschlossfeier den erfollegreichen Absolventen vum 1 Hëllef-Cours een Diplom iwwerrescht. Bei deser Gelegenheet goef och den Anwunner aus der Gemeng Biwer vum Här Carlo Gillen, Instrukter, den Ansatz an d'Unwendung vun engem Defibrillator erklärt.