Éierung vun verdéngschtvolle Memberen vun de Biwer Pompjeeën an der Biwer Musek

Bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag goufen, a Präsenz vum Schäffen a Gemengerot, de Vertrieder vun den lokalen Veräiner a villen Awunner aus der Gemeng, verdéngschtvoll Memberen vun de Biwer Pompjeeën an der Biwer Musek vum Här Buergermeeschter Marc Lentz geéiert.

Bei de Pompjeeën gong d’Jugendofzeechen an “Bronze “ un Victoria Leick, Max Ronck an Nicolas Wròbel.

Fir 25 Joer Déngscht am Pompjeescorps gouf vun der Pompjeesfédératioun d’Melanie Stoffel mat der “Verbandsmedaill a Gold” geéiert. Mat dem “Croix de mérite a Selwer mat Kroun” vun der Federatioun goufen de Jos Wagner (zënter 1975) an Günther Benner (zënter 1972) geéiert. D’“Croix de mérite a Gold” kruet den Roger Kremer deen zënter 1950 Member an de Biwer Pompjeeën ass.

Bei der Musek waren dëst d’Annalena Schmit mat dem Insigne fir 5 Joer, Maxime Besch, Fabian Konz an Gil Schwaller mat der “Médaille de mérite en bronze” fir 10 Joer an fir 30 Joer Union Grand-Duc Adolphe, de Joël Armenzani mat der “Médaille de mérite en vermeil”.

Félicitatioun un all d’Lauréaten.