Éierung vun verdéngschtvolle Memberen vun der Biwer Musek an de Biwer Pompjeeën

Bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag goufen verschidden verdéngschtvoll Memberen vun der Biwer Musek an de Biwer Pompjeeën vum Buergermeeschter Marc Lentz geéiert.

Bei der Musek waren dëst d’Chloé Cardew an Lexy Schmit mat dem Insigne fir 5 Joer, d’Liz Schwaller an Laura Weyer mat der “Médaille de mérite en bronze” fir 10 Joer an de Serge Merlchior an Melanie Stoffel kruten d’“Médaille de mérite en argent” fir 20 Joer Union Grand-Duc Adolphe. Fir 50 Joer UGDA goefen den Aloyse Hüsslein, Romain Nies an Nicolas Soisson mat der Médaille en argent Grand-Duc Adolphe ausgezeechend. De Romain Nies kruet dësweideren den Dënsdeg 19 Juni vun der Presidentin vun der Union Grand-Duc Adolphe Martine Deprez, a Präsenz vum Här Premier Minister Xavier Bettel, d’Plaquette de Reconnaissance Jean-Antoine Zinnen fir 30 Joer Funktioun am Comité vun der Biwer Musek iwwerreecht.

Bei de Jugendpompjeeën gong d’Éierung fir den “Bronze-Wessenstest“ un den Charel Ralinger an Charel Wagner an fir den “Selwer Wessenstest” un de Gilles Wagner.

Fir 25 Joer Déngscht am Pompjeescorps gouf vun der Pompjees-Federatioun den Serge Coudouent mat der Gëlle-Médaille geéiert. Hien krut och den 20 Juni vum Staat den Ordre de la Coronne de chêne am Bronze iwwerreecht. Am Gold mat Kroun vun der Federatioun goufen de Romain Benner, François Kohnen an de Claude Schaefer geéiert.