Theater "An Klouschter"

Ee Klouschter, wou d’Kommunikatioun ënnert den Schwësteren nët funktionéiert respektive nët funktionéieren däerf, zwee Installateuren, déi engem geheime Schatz op d’Spuer kommen, vermëscht mat Geheim-Agenten aus verschiddenen Natiounen, esou d’Geschicht ronderëm Theaterstéck “Am Klouschter”. Bei deem lëschtegen 3 Akter aus der Fieder vum David Everard, wousst d‘Theateréquipe vun der Biwer Musek, ënnert der Regie vum Claude Schmit, e wéi all Joer hiert Publikum ze begeeschteren an esou munnech Zeen hat e groussen Applaus verdéngt.