D’Landjugend Uewersauer spent un Een Häerz fir kriibskrank Kanner asbl

D’Landjugend Uewersauer huet dëst d’Joer de 26. Mee, déi 46. Editioun vum Landjugenddag zu Harel organiséiert. D’Landjugend huet decidéiert d’Suen vum Affer aus der traditioneller Jugendmass der Asbl „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ ze spenden. De generéisen Don vun 1500 € gouf iwwerreecht vun der Landjugend un Een Häerz fir kriibskrank Kanner bei hirem Merciiessen zu Béiwen.