Den Emile Thilmany ass mat 90 nach fit


Bungeref: Mat berechtigtem Stolz an och nach bei gudder Gesondheet, konnt den Emile Thilmany vu Bungeref viru kuurzem säin 90. Gebuertsdag feieren. De Jubilar ass den 10. Dezember 1932 als zweet jëngte Bouf vun véier Kanner zu Bungeref op d’Welt komm. Seng Elteren waren de Pierre Thilmany vu Bungeref an d‘Léonie Denell vun der Fléiber (Baschelt). Am Mee 1957 huet den Emile dem Marie Goller vu Bungeref d’Jo Wuert gin. Aus hirem Bestiednis hun hir zwéin Jongen, Fred a Marc d’Liicht vun der Welt erblëckt. No an no huet sech d’Famill Thilmany- Goller ëm fënnef Enkel- an och nach fënnef Urenkelkanner erfreeën. Den Emile Thilmany war vu Beruf Bauer, bis hien 1965 ob der Goodyear zu Colmer- Bierg sengt deeglicht Brout verdingt huet an och niewebei nach Hobby Bauer, war. Leider ass seng Fra Marie am Joer 2015 verstuerwen esou dat den Emile säi Stot, Doheem muss nach eleng maachen. Mat enger prall gefëllter Corbeile war den Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schäffin Myriam Binck beim Gebuertsdagskand virstellig, fir dem Emile Thilmany am Numm vun der Gemeng Rammerich ze gratuléieren, woufir sech de Jubilar och recht häerzlich bedankt huet. Zesummen mat der Famill gouf d’Glas erhuewen an zesummen op weider gesond a glécklich Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)